Dëse Samschden ass nees d’Nuit du Sport an dëst Joer esouguer a ganzer 31 verschidde Gemengen. E gratis Evenement fir jiddereen, bei deem et drëms geet nei Sportaarte kennenzeléieren, Freed un der Beweegung ze fannen an einfach e flotten Owend mat Famill a Frënn ze verbréngen. Mir kucken eis dës ganz Woch am Living de Programm e bësse méi am Detail un, all Dag um kuerz virun hallwer 2 op RTL Radio Lëtzebuerg. Ma kuckt iech och elo schonn déi verschidde Programmer an Horairen un op hirer offizieller Homepage nuitdusport.lu an op hirer Facebook Säit.

Living SNJ Méinden
Living SNJ Denschden
Living SNJ Mettwoch
Living SNJ Donneschden
Living SNJ Freiden