Sidd Dir léiwer fréi wéi spéit un? Wisou verschenkt Dir dëst Joer dann net einfach en kuschelegt Duch vum Séi fir Chrëschtdag?! E Kaddo made in Luxembourg.

Dës ganz Woch si mir mam Conny Koob vum Naturpark Uewersauer an der Duchfabrik zu Esch-Sauer ënnerwee.

Mir gi villes iwwert déi uer al Wierfkonscht gewuer an natierlech och iwwert déi eenzegaarteg a flott Saachen déi Dir am Shop entdecken a vläicht souguer fir d'Feierdeeg verschenke kënnt.

Lauschtert all Dag an eis Rubrik Living eran an entdeckt d'Duchfabrik zu Esch-Sauer fir d'éischt mam Gehéier a loosst Iech duerno bei enger Visitt vun der aler Wierfkonscht beandrocken!

Fir Visitte kënnt Dir Iech op info@naturpark-sure.lu an all néideg Infos fannt Dir op naturpark-sure.lu.

Living - Naturpark Uewersauer - Méindeg 15/11/2021
Living - Naturpark Uewersauer - Dënschdeg 16/11/2021
Living - Naturpark Uewersauer - Mëttwoch 17/11/2021
Living - Naturpark Uewersauer - Donneschdeg 18/11/2021
Living - Naturpark Uewersauer - Freideg 19/11/2021