Loosst Iech déi éischt Weltausstellung an engem arabesche Land net entgoen.

Dës Woch reese mer zesumme mat der ULT op Dubaï.

Eng Staat vun de Superlativen. Méi grouss, méi séier, méi extrem – dat ass de Motto zu Dubaï. Eng Staat déi fir jiddereen eppes ze bidden huet. Vum spontanen Aventure Trip, iwwert riseg Shopping Malls bis hin zu Stärerestauranten ass alles vertrueden.

An als offizielle Partner vum Lëtzebuerger Pavillon zu Dubaï kënnt Dir mat der ULT och d’Weltausstellung erliewen an sou ze soen eng kleng Weltrees maachen. Ronn 190 Länner sinn do vertrueden a presentéieren sech.

RTL
RTL

Begleet den ACL op déi éischt Weltausstellung am Orient an erlieft déi spektakulär Pavillone vu Länner aus der ganzer Welt. Déi innovativ Metropol Dubai ass wéi gemaach fir dës Weltausstellung: Hei erwaart Iech d’Superlativ, déi Dir sécher nach net gesinn hutt. Genéisst impressionant Deeg an der Staat vun der Zukunft – Dubai!

Am Reesspräis abegraff ass en Navette Service, Volle mat Turkish Airlines, Luxair oder Emirates, 5 Iwwernuechtungen am Hotel Media Rotana***** Kaffi inclus, Visitt vun Dubai, 1 x EXPO 2020 DUBAI, 1x VIP-Pack Lëtzebuerger Pavillon, 1x Mëttegiessen am Hotel, lokale Reessbegleeder (DE/FR), ACL-Begleeder.

Méi iwwert dës eenzegaarteg Destinatioun gitt Dir dës ganz Woch am Living zesumme mat der ULT gewuer oder kuckt och elo schonn op ult.lu.

Living - ULT - Méindeg 29/11/2021
Living - ULT - Dënschdeg 30/11/2021
Living - ULT - Mëttwoch 01/12/2021