Am Arnold Kontz Outlet fënnt een Occasioune vun alle Marken.

Dës Woch steet an eiser Rubrik Living mam Arnold Kontz Group e lëtzebuerger Traditiounsbetrib am Mëttelpunkt.

Virun iwwer 100 Joer huet dës Erfollegsgeschicht mat engem Vëlosgeschäft ugefaangen, dat bis haut zum Grupp gehéiert. Arnold Kontz Cycles ass am garer Quartier nei opgaangen, zesumme mam alternativen AKOR Café.

Haut ass den Arnold Kontz Group awer och bekannt als Representant vun de Marken Aston Martin, Jaguar Land Rover oder Lotus.

Méi iwwert den Arnold Kontz Group gitt Dir dës Woch gewuer, all Dag géint hallwer zwou op RTL Radio Lëtzebuerg, oder kuckt elo schonn op arnoldkontz-group.com an arnoldkontz-cycles.com.

Living: Méindeg 24.01.2022
Living: Dënschdeg 25.01.2022
Living: Mëttwoch 26.01.2022
Living: Donneschdeg 27.01.2022
Living: Freideg 28.01.2022