21 Wäikelleren vu Gréiwemaacher bis op Schengen zervéieren Iech hier bescht Wäiner, zesumme mat regionale Spezialitéiten, Konscht, Liesungen a Musek

Dëse Weekend stinn d'Wäikelleren op eiser Musel grouss op: bei "Wine, Taste & Enjoy" kënnen d'Frënn vu Wäin a Crémant e Samsdeg 7.6. an e Sonndeg 8.6. hier léiwst Produkter an 21 Wäikelleren vu Gréiwemaacher bis op Schengen schmaachen, zesumme mat regionale Spezialitéiten, Konscht, Liesungen a Musek. Dir kritt och eng gratis wäintouristesch Kaart mat där Dir duerch d'Wéngerte spadséiere kënnt. An de Minibus-Shuttle ass och gratis! Surft emol op www.visitmoselle..lu a lauschtert des Woch de Living, all Dag géint 13.30, op RTL Radio Lëtzebuerg!