Et erwaarden Iech iwwer 100 Stänn a profitéiert vum neie Parking am Duerfkär

Kommt op Käerjeng! Op alle Fall dëse Samschdeg 4.7. Well dann ass Braderie, a mir léiere bei Living all Dag mëttes géint halwer zwou schonn eng Partie Geschäfter kennen.

Béierhaascht, Optique Bürger, Boutique Chevalier an Madart an der Lëtzebuerger Strooss.

Kommt mat der ganzer Famill dëse Samschdeg op d’Käerjenger Braderie. Maacht op iwwer 100 Stänn gutt Affairen a profitéiert vum neie Parking am Duerfkär. Fir di Kleng: E Kannerland op der Schumann Plaz mat  Floumaart, Tombola, a Facepainting...