Loosst Iech all-inclusive verwinnen fir nëmmen 150 €

Dir wollt schonn ëmmer eng Kéier vun 12 grousse Käch zesumme gekacht kréien?

Ma da profitéiert vum eemolege, gastronomesche Rendez-Vous "Schneidewind & Friends" am Kader vun de Réiser Päersdeeg, e Freideg 10. Juni!

Fir nëmmen 150 € All Inclusive kritt Dir deen Owend gekacht vum Jan Schneidewind aus dem "L'Atelier du Windsor", mat senge Kollegen: e.a. dem Etienne-Jean Labarrère-Claverie, dem Thomas Murer, dem Cyril Molard, dem Cédric Bertaux an dem Wolfgang Becker.

Reservéiert elo op traiteur@windsor.lu an an eiser Rubrik Living all Daag géint 13.30 op RTL Radio Lëtzebuerg stelle mir Iech verschidde Chefen an dat flott Event vir!