mir stellen Iech nees 5 lëtzebuerger Gäertnerbetriber fir...

Am High 5 ! Si mir dës Woch am Kader vum Gaardefestival mat der Fédération Horticole ennerwee, a maachen eis prett fir den Hierscht an Allerhellgen.

Wat geet elo nach dobaussen a punkto Blummen a Planzen, wéi maachen ech mäi Gaart wanterfest? A wéi ee gutt Geméis kréien ech ëm dës Joereszäit um Maart?

Mat dobai sinn dës Woch: Fleurs Vry vun Helleng, Fleurs Warnier vu Stroossen, Ikebana vu Beetebuerg, Pépinières Gillen vun Tandel an d’Geméisgäertnerei Kirsch aus der Stad.

Lauschtert och dir eisen High 5! all Dag Mëttes um hallwer 2 hei am um Radio.