Dëse Sonndeg am RTL-Presseclub: Ass den Euro gerett? Wat maache mer mat der Atomenergie? A wéi gesinn eis Pensiounen an Zukunft aus?

Invitéen beim Marco Goetz sinn de Richard Graf vun der Woxx, de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort. Themen: Japan, Libyen, Pensiounsreform a Pëtrolsdepot.

Stéchwuert Atomenergie. Wat bleift iwwreg no der grousser Empörung iwwert d'Accidenter zu Fukushima? Verpufft de Protest esou wéi ee gudden Deel vun der Radioaktivitéit am Mier vun der Resignatioun? Oder ass et dës Kéier Eescht mam Ufank vum Enn vun där Energie, di kee wierklech well ma vill nach brauchen?

Doriwwer wäerte mer diskutéieren haut an eiser Journalisteronn. Grad ewéi iwwert d'Leed a Japan no Biewen an Tsunami.

Anert Thema Libyen. Ass et richteg datt Fransousen, Englänner an anerer de Regim Ghaddafi zwar ewechdrécke wëllen, ma net wierklech upaken, just ewechbommen, aus der Distanz. Geet dat iwwerhaapt amëschen ouni sech anzemëschen an ëm wat geet et eigentlech? Kontroll? Pëtrol?

E Problem fir EU a Lëtzebuerg wäerten d'Flüchtlinge ginn aus Libyen. Ma fir d'éischt soll hinne Plaz gemaach ginn andeems Flüchtlingen aus Serbien heemgeschéckt ginn. Serbien ass ee séchert Land seet d'Regierung.

Och doriwwer gëtt haut diskutéiert.

An da si mer heiheem, mat Ideeën zu enger Pensiounsreform, déi biselo just opreegen amplaz zum konstruktiven Debat unzereegen. Ähnlech ass et bei der Gehälterreform. Do ass duerch de rosa Brëll jo einfach net ze erkennen, datt eppes soll geännert ginn en Vue vun der Zukunft vum Land.

Da schwätze mer iwwert Energieversuergung, di jidderee wëll ma ouni Pëtrolsdepoten wann ech gelift, well déi stéieren de Bléck eraus an d'Gewaan.

De Presseclub am Zwou-Woche-Rhythmus um Sonndegmoien tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg a live um Internet ... an dono op RTL.lu an de Rubriken News-Presseclub oder Radio-AudioArchiv.