Europa tëscht de Still an Däitschland no de Bundestagswalen
"Et ass brutal, wéi d'Welt ännert", seet den Ausseminister Xavier Bettel. Gëtt Europa tëscht den USA, Russland a China zerriwwen?
Mam Eclat am Wäissen Haus ass d'Relatioun tëscht den USA an Europa nach e Stéck méi schlecht ginn. Op d'mannst déi tëscht dem US-President Trump an Europa.
Wéi mussen déi europäesch Länner dorop reagéieren? Riskéiert Europa tëscht den USA, Russland a China zerriwwen ze ginn? Zu wéi engem Präis kann de Krich an der Ukrain op en Enn bruecht ginn?
A wéi geet et an Däitschland no de Wale virun?
Ënner anerem dës Theeme hu mer dëse Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer am RTL-Presseclub beschwat. Invitéiert waren d'Ines Kurschat vum Wort, de Christoph Bumb vu reporter.lu an den David Marques vum Quotidien.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.