E Sonndeg waren ënnert anerem d'Rentendebatt, d'Caritas-Affär an d'Finanzéierung vun der Defense d'Theemen am Presseclub.

RTL-Presseclub vum 30. Mäerz

Wou genee soll d'Debatt iwwer d'Pensiounsreform hiféieren a wat läit bis lo u Propositiounen um Dësch?
Konkreet - zu wéi enge Konklusioune sollen d'Gespréicher an der Caritas-Spezialkommissioun kommen?
A wou sollen déi Milliarden-Zommen hierkommen, fir an d'Defense ze stiechen, ouni géint all finanziell Limitten ze verstoussen?
 
Ënnert anerem op dës dräi konkret gestallt Froe si mer am Presseclub agaangen.

Eis Invitéë waren

Ines Kurschat vum Wort,
Sidney Wiltgen vum Tageblatt
a Laurent Schmit fir Reporter

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.