RTL-Presseclub vum 10. Abrëll: Ried zur Lag vun der Natioun

Am Presseclub vum 10. Abrëll gouf ë.a. iwwert d'Ried zur Lag vun der Natioun an d'Reaktiounen dorobber geschwat, souwéi iwwer d'Kärenergie...
Nic Dicken vum Journal, Raymond Klein vun der Woxx, Lucien Montbrusco vum tageblatt a Laurent Zeimet sinn d'Invitéen am Presseclub beim Marco Goetz:Mir sinn op ville Plazen ënnerwee haut, uechter d'Land an uechter d'Welt ma di Ried vum Premier zur Laach vum Land vu leschte Mëttwoch duerf do net feele grad esou wéineg natierlech ewéi di sëlleche Reaktiounen dorobber feele sollen.
D'Fro vun der Zukunft vum Land ass natierlech och eng vun der Immigratioun. Wou muss ee steieren, fir Leit ze kréien, di mer an eiser Economie brauchen a wou muss een hëllefe wa Fraen a Männer an hirem Land a Liewensgefor sinn? Wéi ee Plang brauch een fir Flüchtlingen uechter d'Land ze verdeelen a wéi soll déi Verdeelung uechter Europa ausgesinn? Mënschlechkeet, Solidaritéit a Gerechtegkeet si Stéchwierder, di onbedéngt mussen um Fändel stoe wann een zesumme no fir wëll. Alles akzeptéieren an d'Aan zoumaache virun de Problemer bréngt do awer grad esou wéineg ewéi Ofblocken a Mauere bauen. Ech mengen dat versprécht eng intressant Diskussioun.
Schwaarz-wäiss Molerei gëtt et dann och net an enger anerer Diskussioun nämlech déi iwwert d'Fëmmen. Wéi wäit soll dat Verbuet goen, soll et iwwerhaapt nach ausgebaut ginn? A wat soll ee soen, wa gefuerdert gëtt Zigaretten an Tubak ganz ofzeschafen, wann et jo sou geféierlech soll sinn.
Ofschafen, ofschalten, domadder si mer an der Diskussioun ëm d'Kärenergie. Domadder léisst sech Politik maachen a Wahle gewannen oder verléiere wéi mer an Däitschland erlieft hunn. Och dat ass een Thema haut an eiser Journalisteronn, nieft deem engen oder anere Sujet, deen eis Invitéen hoffentlech matbréngen.