RTL-Presseclub vum 22. Mee: Affär DSK

Am Presseclub vum 22. Mee gëtt ë.a. iwwert d'Gewaltbereetschaft an der Gesellschaft an iwwert d'Affär DSK geschwat.
Invitéen beim Marco Goetz am Presseclub sinn de Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der Woxx, d'Laurence Harf vum Le Jeudi an den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort. Een Thema resüméiert sech an 3 Buschtawen: DSK.
Et geet fir d'éischt ëm eppes wat mir uewe läit, wat mech carrément degoûtéiert an entsetzt. Nämlech d'Aart a Weis wéi d'Affaire Dominique Strauss Kahn an der Ëffentlechkeet duergestallt gëtt.
Et ass di nobelst Säit vun all demokratesche Rechtsprinzipien, datt ee wuel ka verdächtegt ginn, ma erréischten da schëlleg ass, wann ee bis veruerteelt ass. Bis dohinner gëllt een als onschëlleg an et muss een och esou behandelt ginn.
D'Aart a Weis ewéi d'amerikanesch Justiz mam fréiere Chef vum internationale Währungsfong ëmgeet, trëppelt all déi Prinzipie mat Féiss an et gëtt een den Androck net lass, dat et hei nach ëm eppes anescht geet ewéi d'Sich no der Wourecht.
Da geet et an eiser Journalisteronn ëm d'Stëmmung an der EU. Ware mer net schonns emol méi wäit mam Zesummewuessen? Wou ass Iwwerzeegung, datt den europäeschen Integratiounsprozess dee beschte Wee fir d'Mënschen um Kontinent ass? Firwat drécken di national Egoismen ëmmer nees an ëmmer méi duerch? Firwat gëtt Schengen a Fro gestallt, wéi ass et mat der Solidaritéit ënnerteneen a wat geschitt mam Euro? Vill Froen deemno.
Natierlech stinn och méi national Themen op der Lëscht vun eisem Presseclub.
Gewalt hëlt zou, liest een ëmmer nees. Gewalt géint Leit, di am ëffentlechen Transport schaffen, Polizisten an anerer. Firwat gëllt op ëmmer méi Plazen ëmmer méi dacks d'Recht vum méi Staarken amplaz mat staarken Argumenter Recht ze kréien?