Am Presseclub vum 5. Juni geet ë.a. Rieds iwwert d'Trennung vu Kierch a Staat, d'Ehec-Bazill an de Premier an den internationale Medien.

De Premier ka sech Spréng a Saachen Trennung vu Kierch a Stat virstellen.

D'Ehec-Bazille: Eng grouss Gefoer oder gëtt awer erëm iwwerdriwwen?

Ass dem Jean-Claude Juncker seng international Glanzzäit eriwwer?

An den neie Centre de rétention: Luxus oder ee Prisong fir Flüchtlingen?
 
Iwwert dës an aner Sujete schwätzen de Jay Schiltz vum Radio 100,7, de Claude Karger vum Journal, den Tom Wenandy vum Tageblatt an de Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort.