Ëm dem Patronat seng Virstellunge vum zukünftege Rentesystem geet et och dëse Sonndeg an eiser Emissioun Presseclub.

Nic Dicken vum Journal, Richard Graf vun der Woxx, Lucien Montesbrusco vum Tageblatt a Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort heeschen d'Invitéen haut beim Marco Goetz am Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg.

Et geet fir d'éischt emol ëm d'Rentemauer, virun där warnt nämlech d'Patronat, eise System ass mëttelfristeg net méi ze bezuelen a wa näischt geännert gëtt, géife mer griichesch Verhältnisser kréien, sou d'UEL, d'Unioun vun de lëtzebuerger Entreprisen e leschte Freideg.

Griichesch Verhältnisser, wat och ëmmer dat genee ass, kléngt op alle Fall dramatesch, katastrofal a nom Super Gau, nom schlëmmst méiglechen Accident.

Op d'Zopp esou waarm giess muss ginn, doriwwer diskutéiere mer dann haut ënnert anerem an eiser Journalisteronn.

Do schwätze mer da natierlech och iwwert di réel griichesch Verhältnisser a versichen, souwäit dat geet, Luucht um Enn vum Tunnel ze gesinn oder op d'mannst ee Fixspoun an der Däischtert vun deem Tunnel unzefänken. Wann een do net alles versteet, sollt ee sech domadder tréischten, datt vill schlau Käpp bis ewell no Léisunge sichen. Einfach ass dat net, well et der Politik ganz einfach och un wierklechen Erfahrungswäerter feelt.

Méi Erfahrung dogéint hu mer mat Krisen an eiser Siderurgie. E Rettungsplang, gouf dofir, net ganz ouni Widderstand, dat genannt, wat dës Woch iwwert d'Arcelor-Mittal Sitten zu Rodange an zu Schëffleng diskutéiert gouf. Wéi vill Leit musse goen, wouhinner sollen se goen a wat ass mat deenen zwee Wierker?

Da geet et an eiser Emissioun Presseclub haut ënnert anerem och ëm Trennung vu Kierch a Staat, mir frieden de Bols an der nationaler Politik mat diverse Sondagen a mir intresséieren eis un der Schwäiz, net wéinst der Bankeplaz ma wéinst dem Vëlosport, wou eis Leoparden am Asaz sinn. Weltmeeschter si mer do nach net mat dofir op enger anerer Plaz.