Laurence Harf, Richard Graf, Claude Karger a Laurent Zeimet heeschen d'Invitéen beim Marco Goetz am leschte Presseclub vun der Saison.

A well et dee leschte Presseclub virun der Summerpaus ass, kucke mer dann eng Grëtz méi wäit zeréck ewéi nëmme just op déi leschten 2 Wochen. Wat ass vun der éischter Halschent vum Joer ze soen, wat bleift hänken, wat huet eis Journalisten an der Ronn vläit eng Grëtz méi beschäftegt? Do huele mer eis e wéineg Zäit fir zeréckzekucken.

Ma da geet et eenzock an d'Aktualitéit era mat engem Thema, dat mer scho méi dacks diskutéiert hunn an dat eis och di nächste Méint net wäert sou séier lassloossen. Nämlech d'Kris a Griichenland. Ass d'Land aus dem Schneider, iwwert de Bierg oder mëscht Tragedie just eng Paus? Doriwwer schwätze mer haut also och.

Da geet et natierlech och ëm den Dominique Strauss-Kahn. Sou iwwerraschend ruckelzech di amerikanesch Justiz mam Chef vum IWF ëmgaangen ass, sou iwwerraschend séier kéint déi ganz Saach op een Enn goen. Wat wierklech geschitt ass, wäert ee wuel ni gewuer ginn, d'Wourecht war dat éischten Affer an dëser Schluecht an där et eigentlech nëmme Verléierer gëtt.

Agrozenter, Avortement a net richteg novollzéibar Decisioune beim lëtzebuerger kreschtleche Gewerkschaftsbond, dem LCGB sinn aner Themen iwwert déi mer haut am Presseclub diskutéieren.

An och ouni eise Frënn Nic Dicken an der Ronn schwätze mer iwwert eis Leoparden, di an dësen Deeg an der grande Boucle uechter Frankräich ënnerwee sinn.