RTL Presseclub vum 11. Dezember: EU-Kris

Wéi gesäit d'Europa vu mar nom Bréisseler Sommet aus, wou sech Groussbritannien jo an den Ecart gesat huet?
Wou ass d'Plaz vun Lëtzebuerg an dëser Fiskal-Unioun? Wéi gesäit d'Zukunft iwwerhaapt vun de lëtzebuerger Staatsfinanzen aus? All dat sinn Froen, déi mer um Sonndeg am Presseclub beliichten, dee vum Roy Grotz moderéiert gëtt.
Groussen Ophänkert an eisem Presse-Gespréich ass jo natierlech de Staatsbudget, dee jo dës Woch géint d'Stëmme vun der Oppositioun säi Seegen an der Chamber krut.
Ech froen d'Journalistekollegen, wat si dann vun den Debatten zeréckbehalen hunn an wéi een an d'Tripartite wärt eragoen, déi jo wuel nach wärt d'nächst Woch virun der Chrëschtvakanz sinn. Oder wat et dann mat der Zort "eegener Frieden-Tripartite" op sech huet, déi den Finanzminister jo wëll d'nächst Joer lancéieren, fir Léisungen aus der Kris ze fannen. Do geet et dann awer ëm d'Fro, wéi prett een dann ass fir Reformen an Changementer an wéi d'Automatissem an den Depensen kennen graduell ofgebremst ginn, ouni datt et ze wéi deet.
Ma den Debat am Presseclub soll net nëmmen duerch d'Zuelen an d'Suen dominéiert ginn, mir kucken och, wéi et méiglech ass, datt een ouni säi Wellen op eemol um Facebook op Säiten lant, déi kloer rassistesch Messagen verbreeden an kommen och op d'Reformen beim Staat, mee och an de Schoulen ze schwätzen...wat widderstrieft den Enseignanten a woumat kann een vläicht awer nach liewen ?! Weises gëllt elo fir d'Gewerkschaften, bis Mäerz ass Zäit Positioun ze bezéien an pädagogesch sënnvoll an fondéiert Alternativen op den Dësch ze leeën.
Iwwert dës an aner Sujeten schwätze mer mam Marc Schlammes vum Lëtzebuerger Wort, dem Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, dem Raymond Klein vun der WOXX an dem Tom Wenandy vum Tageblatt.