Ë.a. ëm d’Indexmodulatioun, den ofgespeckte Projet Léiweng an den däitsche President Christian Wulff geet et e Sonndeg am Presseclub.

Kréien d’Gewerkschaften am Zesummenhank mat der Indexmodulatioun Deputéiert op hir Säit gezunn?

Kënnt et zu enger liichter Versioun vum Projet Léiwéng? A ka sech den däitsche President Christian Wulff un der Muecht halen oder net?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Richard Graf vun der woxx, de Claude Karger vum Journal, den Ady Richard vum Lëtzebuerger Wort an den Tom Wenandy vum Tageblatt.