Wéi geet et nom Moratoire vun der Ministesch an nom Protest vun den Enseignante viru mat der Schoulreform?

Wou bleift Spillraum, fir den Text vun der Pensiounsreform ofzeänneren? A wat sinn d’Konklusiounen aus dem Amoklaf vu Montauban an Toulouse?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Claude Karger vum Journal, de Pierre Leyers vum Lëtzebuerger Wort, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu.