Fridden am Noen Osten, Resilienz-Plang an Debatt iwwert Avortement
Am Presseclub gouf iwwert d'Situatioun am Noen Oste geschwat, de Resilienz-Plang, grad ewéi d'Avortement-Debatt.
Am Noen Oste gëtt et 2 Joer no der terroristescher Attack vun der Hamas an dem Krich vun Israel a Gaza eng fragil Wafferou. D’israeelesch Geiselen, dout oder lieweg, sinn elo all fräi. Kann ee vun Duerchbroch schwätzen oder bleift een nach wäit vun engem dauerhafte Fridden?
Doriwwer hu mer mat de Journalistekolleegen Ines Kurschat vum Lëtzebuerger Wort, Misch Pautsch vum Journal a Luc Caregari vu Reporter.lu diskutéiert.
Mat hinne hu mer awer och iwwert d’national Themen dorënner d’Resilienz oder nach d’Debatt iwwert den Avortement geschwat, déi duerch d’Kritik vum DP-Deputéierte Gérard Schockmel weider aktuell bleift.
De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.