Am Presseclub hu mir iwwer den Trounwiessel geschwat a eis gefrot, wat de Guillaume fir e Grand-Duc wäert sinn a geopolitesch méi schwéieren Zäiten.

Lëtzebuerg huet en neie Staatschef, de Grand-Duc Guillaume. Am Presseclub schwätze mir iwwer den Trounwiessel a mir froen eis, wat de Guillaume fir e Grand-Duc wäert sinn a geopolitesch jo méi schwéieren Zäiten. A mir analyséieren déi grouss Feier vum 4. Oktober.

Dat zesumme mam Cordula Schnuer vun der Luxembourg Times, dem David Marques vum Quotidien an dem Sidney Wiltgen vum Tageblatt.

Presseclub vum 5. Oktober

De Presseclub héiert Dir all zweete Sonndeg kuerz no 11 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg, am Livestream op RTL.lu an op RTL Play, wou Dir d'Emissioun dono och an der Rubrik Radio bei den "Emissiounen" fannt.