Wat ass vum Premier Jean-Claude Juncker senger Ried zur Lag vun der Natioun ze halen? Wéi ass déi nei CSV-Positioun vis-à-vis vun ArcelorMittal ze deiten.

A wou steiert Europa no de Wahlen a Frankräich a v.a. a Griichenland hin? Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden den Nic Dicken vum Journal, de Richard Graf vun der woxx, d’Laurence Harf vum Jeudi an de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu