RTL-Presseclub vum 3. Juni: Léiweng, Juncker, Schlecken

D'Päischtvakanz reservéiert eis e reeneregt Enn, ma bannent där Woch war trotz Vakanz nach eppes an der Aktualitéit lass.
Zum Deel haat de Staatsminister selwer duerfir gesuergt, wéi hien d'Press en Donneschdeg convoquéiert hat, an dat esouguer ouni, datt et virdrun e Ministerrot ginn hätt.D'Suerg dreift d'Regierung wuel ëm, fir sech mat ze deelen, respektiv verschidden Tëppelcher op den „ I “ ze setzen, och wann dat muench mol nëmmen sub-optimal geet... mir wärten op esou Themen ze schwätze kommen.
Et kennt een net derlanscht, fir sech mat den Dossieren Wickreng a Léiweng ze befaasen. Nodeems de Premier em Kloerstellung beméit war, kucken mer an der Journalisteronn, wéi eng Froen dann nach op bleiwen, an wéi eng nach ze stellen bleiwen.Wat dierf d'Politik am Kader vun engem Bau-Projet maachen deen hir um Häerz läit, wéi wäit dierf se goen a wéi transparent mussen déi eenzel Ofleef vu Gespréicher a Verhandlungen sinn, wann et ëm Milliouneschwéier Projeten wéi de Stadion geet?
An trotz och räiche Lëtzebuerger mat dausenden EURO Gespuertem, krute mer dës Woch nees de Spiggel firgehalen. Dës Kéier an engem UNICEF-Rapport, wou däitlech gëtt, datt Kannerarmut och zu Lëtzebuerg en Thema ass...
Ass et wierklech e Skandal, wéi mer dës Woch am Editorial vum Land liesen? Mir froen an der Journalisteronn no....
Da musse mer natierlech awer och op eng Rëtsch Sujeten ze schwätzen kommen, déi och am breede Public an also an den Zeitungen oder op Radio an Tëlee zur Sproch kommen: den Hin an Hir iwwert d'Fëmmverbued, d'Zukunft vum JCL Juncker, soit un der Spëtzt vum Eurogrupp, soit awer heiheem un der Spëtzt vu senger Regierung grad wéi d'Zukunft vun de Schleck Bridder, wou de Manager Bruyneel jo na laang net zefridden ass, mat deem, wat hien bis ewell u Performancen gebuede krut...
All dat kucke mer am nationalen Volet vum Presseclub ze beliichten.
Invitéeë sinn:
d'Joëlle Merges vum Lëtzebuerger Wort
d'Josée Hansen vum Land
de Lucien Montebrsuco vum Tageblatt
an de Raymond Klein vun der WOXX
De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu