An der Haaptsaach ëm d’Affär Wickréng/Léiwéng geet et um Sonndeg am Presseclub.

Wat ass vun der Interpellatioun, e Mëttwoch an der Chamber, iwwert d’Projete Wickreng a Léiweng ze halen? War et richteg, keng Enquêtëkommissioun anzesetzen? A wéi en Afloss dierften déi jéngst Entwécklungen op zukünfteg Politiken hunn? Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Claude Karger vum Journal, den Ali Ruckert vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek, d’Michèle Sinner vum Lëtzebuerger Land an den Tom Wenandy vum Tageblatt.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu