Presseclub 03.05.09

Claude Karger vum Journal, Raymond Klein vun der Woxx, Lucien Montebrusco vum tageblatt an Laurent Zeimet vum Lëtzebuerger Wort. Dat sin d'Invitéen beim Marco Goetz am RTL-Presseclub.
Mer verléieren natierlech e Wuert iwwert die nei Gripp, die schwéngst a kengem schmaacht. Bei verschiddenen ass d'Panik sou grouss, datt se souguer fäerten alleng duerch d'driwwer schwëtzen kéint ee sech schons ustiechen. Dat nennt een da wuel den Däiwel un d'Mauer molen.
Ugestach mam Walkampf en Vue vum 7. Juni huet sech bei eis och nach keen. Dee Walkampf ass zwar keng Krankheet ma dach gëtt et kaum een, dee senger net gären lass wier. Wat soll een och soen, wou sech demarkéieren, wann am Niwwel vun der Kris d'Konturen vun der Zukunft nach net kloer erkennbar sin.
Neeleg am Däischteren taapen och d'Gewerkschaften. Sie si wuel iwwerzeegt, datt sie an d'schaffend Lait net Schold un der aktueller Kris sin an dofir och net fir die Kris bezuelen wëllen. Sie sin och, ma dat läit jo wuel och an der Natur vun der Gewerkschaft géint sozialen Ofbau a fir d'Erhalen vun der Kafkraaft...tjo an dann muss ee kucken. Sou ganz kloer ass dat net an dofir war den 1. Mai dëst Joer vläit och éischter eng Generalprouf fir de 16. Mai. Da wäerten d'Gewerkschaften an déi, die sech deem Dag uschléissen, zesummen Kloertext schwëtzen...en Vue vum 7. Juni. Vläit brëscht jo duerno Walkampf aus.
A wat een haut am Presseclub awer och vläit net vergiessen duerf, dat ass den Exploit vun eisem Veloscrack Andy Schleck beim Léck-Bastenesch-Léck. Noom Motto: De Schleck ass kee Schleek.