Presseclub 19.04.09

Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Lucien Montebrusco vum tageblatt an Ady Richard vum lëtzebuerger Wort, dat sin d'Invitéen beim Marco Goetz.
Fir d'éicht mol d'Stéchwuert Kris.
Wat die sozial Mesuren an der Lutte géint d'Auswierkungen vun där Kris uginn, geet d'Regierung plazeweis wäit ma beiwäitem net wäit genug. Dat seet d'Caritas an hirem Sozialalmanach 2009 a freet méi sozial Kreativitéit.
Wat d'Regierung eventuell, no de Walen vum 7. Juni, am Schna hätt, fir d'Kris an hir Konsequenzen op de Statsbudget an de Grëff ze kréien, näämlech an de Portemonnaie vun de Mënschen hei am Land fëschen ze goen, dat géif ganz kloer ze wäit goen. Dat seet den OGB-L a rifft fir de 16. Mai op eng Manifestatioun. Do machen dann all déi mat, déi als Gewerkschaft oder soss Gruppéierung grad ewéi och Privatleit, fest der Meenung sin, datt sie et net waren, déi die aktuell Kris verschëlt hun an also och net dofir bezuelen wëllen. Do duerf ee gespaant sin, ween härno mam Schwaarzen Péiter do setzen bleiwt?
D'Fro vun der Schold diskutéieren mir haut am Presseclub dann och am Kontext vum Äerdbiewen an Italien. D'Abruzzen läien eng 15 honnert Kilometer vun hei wësch a vill Läit aus där Géigend, déi bei eis am Land liewen, stellen sech, wéi anerer och, d'Fro, wéi et méiglech ass, datt am EU-Land Italien ëffentlech an aner Gebaier wéi Sandkëschtebuergen an de Koup faalen an honnerten Lait ënnert sech begruewen. Dat dat am armen Afganistan geschitt, kann ee verstoen, ma wéisou an Italien?