Presseclub 29.03.09

Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Lucien Montebrusco vum tageblatt an Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort heeschen d’Invitéen beim Marco Goetz.
Et geet ënnert anerem em den « Vieux Luxembourg ». Deen zitt net méi. Handaarbecht gëtt duerch Maschinnen ersat a Villeroy verléisst d’Land.
Ass dat en Zeechen vun der Finanz- a Wirtschaftskris oder éischter en Zeechen vun der Zäit? Dat ass een Thema an eiser Journalistenronn.
Da schwëtzen mer iwwert Luxair a Cargolux, och do flitt et, pardon geet et net méi sou gudd. Schlëmmer gesäit et bei der Elth aus, eng Firma, déi den Abroch am Automobilsekter voll ze spieren kritt.
Iwwer 20 mol war d’parlamentaresch Krisekommissioun zesummen, fir no Äntwerten op d’Kris ze sichen. Wéi sin d’Konklusiounen ze bewäerten? Och dat ass eng Fro an eiser Emissioun.
Ee vun eisen Stammgäscht am Presseclub ass dann och nees derbäi, nämlech de Bommeleeër. Et geet do speziell em dat sellegen Beweismaterial dat verschwonnen ass an em d’Fro ween responsabel ass.
Polizisten, die riskéieren gebeetscht ze gin, ass een anert Thema an dann schwëtzen mer och nach iwwert de Jean-Marie Le Pen.
De franséischen Rietsextremen sot die leschten Woch am Europaparlament zu Stroossbuerg nees eng Kéier, datt d’Gaskummeren een Detail vun der Geschicht vum zweeten Weltkrich sin.
D’grouss Majoritéit vun den Europadeputéierten ass entsat a well elo alles maachen fir datt de Le Pen net Alterspresident vum Europaparlament gëtt. Als eelsten Deputéierten géif hien nämlech am Juli, wann heen dann eremgewielt gëtt, d’Parlament presidéieren. Wéi fräi duerf een demokratesch Regelen änneren. Dat ass d’Fro, déi ee sech an deem Kontext stellen muss.