Presseclub 01.02.09

Invitéen sin d'Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, de René Hoffman vum tageblatt, de Nic Dicken vum Journal an de Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort.
Et geet virun allem emol em d'Uerteel am Zouftgener Zuchprozess. Den 11. Oktober 2006 si jo 6 Lait em d'Liewen komm, 16 goufen der uerg blesséiert, wéi bei Zouftgen zwee Zisch aneneen gerannt waren.
Lait vun den CFL goufen die lechte Woch veruerteelt, zwee mussen der an der Prisong. D'Eisebunnergewerkschaft Syprolux schwëtzt vun engem harden Uerteel, ee vun den Affekoten vun de Veruerteelten weist op een ähnlechen Fall a Frankräich hin, wou mënschlech Feeler manner sanktionéiert goufen.
Doriwwer wäerte mer schwëtzen a virun allem och kucken wéi an Zukunft ënnert dem Drock vun der Responsabilitéit op deenen méi sensibelen Platzen bei den CFL geschafft wäert gin.
Kris mat Chômage a Konjunktur zu Lëtzebuerg ass dann een anert Thema de Mëtteg. Méi Leit am Chômage, méi an der Kuerzaarbecht, wéini d'Konjunkturrelance kennt, gesäit ee net wierklech, 2010 oder? D'Fro ass wat mache bis dohinner? Investéieren an investéieren oder ëmdenken?
Da schwëtzen mer iwwert de neien US-President, dee scho baal zwou Wochen am wäissen Haus schafft, Wonner goufen et biswell awer leider nach keng. Ma Geck an den Eck. Wat soll mat de Prisonéier vu Guantanamo geschéien, soll d'EU, soll souguer Lëtzebuerg Lait aus deem Prisong ophuelen. Wat muss een do bedenken?
Da kucke mer haut awer och, wat d'Konsequenzen vun enger Décisioun vum Poopst sin. Fir e puer Schäffercher an de Schouss vun der Kierch zeréckzekréien huet heen och ee Bëschof rehabilitéiert, deen ëffentlecht géint Judden schwëtzt an souguer behaapt den Holocaust hätt et nie gin. Eng komesch Saach, déi die lechte Woch Katholikekreeser uechter Europa beschäftegt a rosen gemat huet, dorënner och de lëtzebuerger Katholikeroot, deen ongewinnt schaarf reagéiert huet.