Anne Henniqui vum lëtzebuerger Land, Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort, Claude Karger vum Journal a Lucien Montebrusco vum tageblatt, sou heeschen d'Invitéen haut beim Marco Goetz am RTL Presseclub.

Ech géif soen, datt mer ënnert anerem emol op d'Schoulbänk setzen gin. Et kennt jo e neit Schoulgesetz un dat grouss Erwaardungen geknäppt gin, well et de Schüler méi motivéieren a manner frustréieren soll.

Do schwëtzen mer also iwwert eng bluttnéideg Investitioun an d'Zukunft vum Land. Eng Zukunft, déi leider duerch Feelinvestitiounen an der Finanzwelt, duerch Feelverhalen vu Lait wéi zum Beispill dem US-Amerikaner Bernard Madoff hypothekéiert ass.

D'Kris ass nach net un hirem Enn ukomm, soot de Premier Jean-Claude Juncker e Freideg nom Regierungsrot. Eng Indikatioun dofir ass och, datt zum Beispill die däitsch Banken, wéi et heescht, biswell just een Deel vun hiren faulen Wertpabéiren ausgemëscht hun. Verloschter sin also vill méi heig.

Die doten Diskussioun bréngt eis dann eenzock bei d'Haptthema haut vun eisem Presseclub, nämlech d'Wahlen vum 7. Juni dëst Joer.

Wat ass den Enjeu vun den National- an Europa-Walen? Wat sin a wat gin die grouss Themen? Ween duerf Minister gin oder EU-Kommissar, wat ass d'Roll vun de Gewerkschaften an aner Froen méi beschäftegen eis an eiser Journalisteronn.