Am éischten Presseclub vum neien Joer heeschen d'Invitéen beim Marco Goetz : Nic Dicken vum Journal, Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort, Lucien Montebrusco vum tageblatt an Aly Ruckert vun der Zeitung vum lëtzebuerger Vollek.

Äddi 2008, Bonjour 2009, sou kéint een als graffen Titel iwwert eis Emissioun setzen.

Mir kucken zeréck op dat wat eis 2008 geprägt huet a wat eis 2009 nach vill préokkupéiren wäert.

Grousst Stéchwuert do, ouni Zweiwel, ass Finanzkris. Wéi eng Leieren sin ze zeien aus engem System, deen elo vill kritiséiert gëtt, mä dee lang Zäit villen Leit op eng net ëmmer moralesch korrekt Art a Weis de Portemonnaie gefëllt huet?

Sin d'Finanzkris- an als Konsequenz dovunner d'Wirtschaftskris d'Enn vum kapitalisteschen Weltbild?, dat ass eng vun de Froen duerno a eiser Emissioun.

Ass d'Welt 2008 méi friddlech gin, méi sécher, méi mënschlech? Dat sin aner Froen an eiser Journalisteronn. Den Honger op der Welt, d'Situatioun am Kongo zum Beispill, den Terrorismus an dann grad elo iwwert de Jooreswiessel d'Entwécklung am noen Osten.

Den éischten schwaarzen President fir d'USA wäert eis haut natierlech och beschäftegen.

Wat deen nationalen Réck- an Ausbléck ugeet, sin et Stéchwierder ewéi Euthanasie, Enheetsstatut, de Fonctionnement vun den Institutiounen, Ziklissem an Firwahlzäit.