Presseclub 14.12.08
14.12.08 Presseclub
Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Lucien Montebrusco vum tageblatt a Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort, sou heeschen d'Invitéen haut am Presseclub beim Marco Goetz.
An d'Themen :
Majo, mir huelen drei Stëchwierder :
Euthanasie, Grand-Duc, Verfassung an da geheie mer se an d'Luet a kucken wat geschitt.
Souweit fir déi, die et op deser Platz léiwer méi kurz hun.
Fir die aner, dann awer nach e puer Wuert Detail. D'Zeitungen aus deenen d'Journalisten härnoo kommen, hun an de lechten Deeg ennerschiddlech Positiounen geholl an de ganzen Diskussiounen ronderem Euthanasie, Cnstitutioun a Monarchie. Et versprecht also spannend ze gin.
Huet de Grand-Duc Recht gehaat Nee ze soen, haat en iwerhaat d'Recht dat ze machen. Ass d'Verfassungseform wierklech iwwert de Knei gebrach? Wann ee weess, datt Lëtzebuerg vun internationalen Instanzen, wéi zum Beispill der UNO méi wéi eemool drop higewise gouf, am Interesse vun der Demokratie eng Rei Artiklen ze ännren, besonnesch den Artikel 34, dann ass dat wat elo geschitt net nei. Souguer an de Froen fir Statsbeamten ze gin ass d'Froo opgedaucht.
Politiker, déi Politik seriö huelen, missten also gené am Bild sin.
Datt seriö Politik awer net emmer méiglech schenkt, mierkt een dann och un eisem dretten Stëchwuert. Euthanasie. Dat Gesetz gëtt messbraucht fir all méiglech Politik politicienne. A baal muss et engem Angscht em daat Liewegt sin, wann esou iwwert den Doud geschwaat gëtt