30.11.08 Presseclub

Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Claude Karger vum Journal, a Laurent Zeimet vum lëtzebueeger Wort dat sin d'Invitéen beim Marco Goetz

800 Kanner, déi all Dag un de Suiten vun Aids stierwen, zum groussen Deel um afrikaneschen Kontinent, deen souwéisou bal ganz vu Kapp bis Fouss mat Misär agedeckt ass. Dat kann een Ophänkert sin, haut an eiser Journalisteronn, haut um éischten Advent, dem Ufank vun der Zäit vum waarden op Chrëschtdag, a vläit och der Zäit vum waarden op besser Nouvellen.

Do sollten mer eis awer méi wéi jee ustrengen, dat Positievt an eis selwer an am zwëschemënschlechen allgemeng ze sichen an erauszekéieren. Well vu baussen kennt net souvill Guddes.

Den annoncéierten Ofbau bei Arceor-Mittal trefft Lëtzebuerg am Kär an d'Selbstverständlechkeet vum Siège vum weltgréissten Stolproduzent um Rousegäertchen riskéiert ze verbléien. Hei weist sech emol méi, datt d'Finanz- a Wirtschaftskris ee real existéirende Problem ass a wuel nach méi wäert gin. Iwwerraschungen sin do net ausgeschloss.

Do sollt een, wéi et des Woch vu roudem Kräiz an Uni Lëtzebuerg geheescht huet die nach gudd Situatioun vun eisem Land notzen a mat roueger Hand eng Zorte Krisemanagement fir d'Gesellschaft preparéieren. Scheiklappen oder Angscht sin do op alle Fall feel un der Plaz. Do kënnen mer da gespaant sin, wat d'Vertrieder vu der geschriwwener Press ze verzielen hun.

An deem Kontext kënnen mer haut och iwwert de Statsbudget schwëtzen. Muss deen wéinst der Kris ugepasst gin oder ass grad d'festhalen un deem wéi en ass ee politescht Signal, daat Rou ausdréckt an dësen éischter onrouegen Zäiten?

Dann diskutéieren mer iwwert d'Opbrochstëmmung bei der demokratescher Partei oder villméi bei hirem President? Wéi ass dat zum Opbroch Blosen ze verstoen? Gëtt do an ee Segel oder an ee Loftballon geblosen?Laien die aner falsch oder huet d'DP ganz einfach just erkannt, datt een a Krisenzäiten méi determinéiert optrieden muss, fir datt d'Bierger, pardon d'Wieler een erkennen?

Do ass also haut nees munches ze diskutéieren, Dany.

A wéi gesot. Mer wäerten de Presseclub mat engem Bléck iwwert eis Nuesespëtzt eraus ufänken a mer wäerten och esou ophalen. Mat zum Beispill dem Terror zu Mumbai, dem fréieren Bombai, wou méi wéi nëmmen just Vakanzendreem zerstéiert goufen.