Presseclub 16.11.08

Presseclub 16.11.08
Invitéen beim Marco Goetz sin d'Anne Henniqui vum lëtzebuerger Land, de Nic Dicken vum Journal, de Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort an de Lucien Montebrusco vum tageblatt.
Um Menü steet eng Tip Top Buschtawenzopp.
Dat passt jo richteg hei an d'Atmosphär zu Walfer, wou bei der nationaler Dictée d'Käpp ferm um Dämpe sin.
Mat wat gëtt eis Zopp elo gewierzt?
Do hätten mer fir d'éischt emol eng gudd Portioun Politmonitor aus dem lëtzebuerger Wort. D'Resultater vu Juncker a Frieden grad ewéi vun der ganzer CSV gin zerpléckt, dat gëtt Goût, d'selwecht gelt fir LSAP, DP a Gréng, Partei a Kandidaten.
Dann hu mer jee noo Loscht a Laun e Stéckelchen Sozialwalen mat niddereger Partizipatioun an engem gestäerkten OGB-L.
Eis Zopp wier haut dann eng Grëtz wässereg wa mer net och anstänneg Walfer Bicherdeeg géifen dramaachen. E Läffelchen lëtzebuerger Literatur, e Buchpräis 2008, lëtzebuerger Auteuren an eis Sprooch natierlech, woubäi ee Soupçon doubel Nationalitéit roueg duerf dra sin.
Dann huelen mer nach e Bouquet garni vu Finanz- a Wirtschaftsperspektiven a fir deem Ganzen e wéineg Faarf ze gin, ee nach ganz frëschen amerikaneschen President.
All Secret aus eiser Kräiderkichen verroden mer natierlech net.