Presseclub 26.10.08
Presseclub 26.10.08
Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort, René Hoffmann vum tageblatt a Claude Karger vum Journal, sou heeschen d'Invitéen haut am RTL Presseclub.
Och op Mantelsonndeg haut hu mer nees eng ganz Maandel voll.
Wa mer die lechte Woch Revue passéieren loossen, dann ass et zum Beispill d'Ukënnegung vun der CSV-Europadeputéiert Erna Hennicot, datt sie net méi fir d'Europawalen 2009 kandidéieren well.
Am Kontext Europa heescht et och, datt d'Viviane Reding Spëtzekandidatin op der CSV-Europalëscht géif gin, gläichzäiteg awer durchsickert, datt d'Madame Reding léiwer europäeschen Kommissar géif gin, also dat bleiwen wëll.
Mir schwëtzen haut dann och iwwert d'Finanzplaz Lëtzebuerg, iwwert topeg Reportagen op Antennes deux, wou sou zimlech alles gemat gouf just kee propperen Journalismus.
An deem Zesummenhang gebrauchen mer haut och d'Wuert Krichsrecht. De franséischen Generol, äh pardon President Sarkozy behëlt sech näämlech eng Grëtz wéi wann d'europäesch Unioun am Krich wier, am Krich géint eng däischter Muecht, déi an de sougenannten Stäierparadiser geniert gëtt.
Dat sougenanntent plakegt Scannen ass da nach een anert Stéchwuert an eiser Emissioun.