Presseclub 12.10.08

Michèle Sinner vum lëtzebuerger Land, Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort, Claude Karger vum Journal a Lucien Montebrusco vum Tageblatt, dat waren beim Marco Goetz am Presseclub op RTL Radio Lëtzebuerg.

Fir d'éicht emol d'Fro u wat ee sech dann haut um nationalen Kommemoratiounsdaag eigentlech erënneren soll. Un d'Zäit vun deemools, un déi Fraen, Kanner a Männer, déi am Krich gelidden an duerno de Wuelstand vum Land mat opgebaut hun? Vläit sollt en och wéi et an de Gedanken zum Dag de Moien geheescht huet sech drop besënnen, wei fragile Wuelstand ka sin.

An da si mer eentzoch bei deem Thema, dat eis an dësen Deeg méi wéi jee beschäftegt, dat eis Suergen mécht, näämlech d'Finanzkris.

Wou si mer drun an där Kris, gesi mer schons Luet um Enn vum Tunnel, as dat Schlëmmst gepackt oder kennt et erreichten? Eis intresséiert natierlech och wéi ee Message de Krisesommet vun de Staats a Regierungschefen aus dem Eurogrupp haut de Mëtteg vu Paräis aus an Europa an an d'Welt schéckt. Wann ee verschidden Kritiken aus de leschten Deeg verinnerlecht, da misst dee Message den Ausdrock vun enger ganz staarker europäescher Koordinatioun gin.

Virun allem wéilten mer an der Journalisteronn dann awer driwwer schwëtzen, wéi, wéini a wou die international Finanzkris sech an eisem nationalen Porte-Monnaie bemierkbar mëscht, ka maachen. Am Portemonnaie vum Stat an dann awer och a jidder eenzelnen sengem Portemonnaie. Wéi eng Weischen setzt an deem Kontext de Budgetsprojet 2009. Duerch eng Rei Mesuren soll joo d'Kafkraaft gestäerkt gin. Ass dat esou? A wat ass no de nekste Walen. Wéi eng Décisiounen muss die nekste Regierung vläit huelen?

Da schwëtzen mer awer och iwwert d'Sozialwalen, iwwert de Kappwéi vun de Gewerkschaften wat d'EU-Arbeschtszaitdirektiv ugeet a mer schwëtzen iwwert zwou Enttäuschungen.

Déi éicht no der 1-3 Défaite vun eiser Fussballnationaléquipe géint Israel.

An déi zweet nodeems de Friddensnobelpreis e Freideg bekannt gouf. Dee Preis krut jo de Martti Ahtisaari a net d'Madame Betancourt, déi wéi et heescht schons ee Communiqué an ee Sall fir eng Pressekonferenz prett haat fir de Fall, datt sie de Preis géif kréien.