Presseclub

Presseclub 28.09.08

Invitéen beim Marco Goetz am éichte Presseclub no der Summerpaus sin d'Michèle Sinner vum lëtzebuerger Land, de Nic Dicken vum Journal, de Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort an de Lucien Montebrusco vum tageblatt.

Fir d'éicht geet et em eng Fro:

Huet de Fränk Schleck ronn 7000 Euro op ee Konto vum spueneschen Dokter Fuentes iwwerwisen? Jo oder Neen?

Wa Jo wat war dann d'Géigeleeschtung?

A wa Neen, firwat confirméiert de Procureur dat wat d'süddeutsche Zeitung schreift.

Dorunner knäppt sech eng aner Fro an zwar ween oder wat wierklech am Viséier war vun de Perquisitiounen an der Nuecht vun e Freideg op e Samsteg bei de Veloweltmeeschterschaften zu Varese.

A fir bei de Froen ze bleiwen.

Wéi steet et em d'Banken an d'Assurancen hei zu Lëtzebuerg? Wat duerf ee gleewen a wéi kann ee sech selwer ee Bild maachen?

Déi Finanzkris aus den USA wäert Schläifspueren héi am Land hannerloossen, sot de Premier e Freideg am Briefing nom Regierungsrot, dobäi huet en och virun iwwerdriwwenen Fuerderungen gewarnt.

Wat bedeit dat fir Index, Budget, Walkampf an eis Finanzplaz?

A eiser Journalisteronn wäerte mer haut awer och ganz bestëmmt iwwert de Preis vun engem SMS am Roaming schwëtzen. D'europäesch Kommissioun huet jo décidéiert datt déi SMS'en vun

an der Moyenne 29 Cent op maximal 11 Cent zeréckgoen sollen.

Ass dat net een ze krassen Agrëff an d'Schaffen vun enger Entreprise wat d'Händioperateuren jo sin, gin domadder net liichtfankeg Gewënn an domadder och Aarbechtsplazen op d'Spill gesat? Oder hun d'Händioperateuren gehirlos bei hieren Preiser iwwerdriwwen an d'Kommissioun huet Recht wa se vun hieren Méiglechkeeten fir um Marché ze intervenéieren Gebrauch mécht.

D'Vill- an d'Méisprochegkeet an der EU ass dann och nach een Thema haut an dann duerfen mer natierlech och d'Enseignant'en net vergiessen, déi fir eng gudd Aarbecht am Interessi vun de Kanner a vun der Welt vu muer eng gudd Pai verdéngen an déi dann och solle kréien.