Presseclub 29.06.08

Presseclub 29.06.08
D'Inviteeën beim Marco Goetz leschte Sonndeg waren d'Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, de Nic Dicken vum Journal, de Marc Glesener vum Lëtzebuerger Wort, an de Lucien Montebrusco vum tageblatt.
Mir bliederen duerch de Politmonitor vum Lëtzebuerger Wort. National Politik an d'Europapolitik. Do gëtt et genug ze diskutéieren. Iwwert de Bekanntheetsgrad vun den Europadeputéierten zum Beispill. An dann ënnert anerem doriwwer, datt sech an der nationaler Politik net ganz vill geännert huet, op den eichte Bléck op alle Fall. Ee Joer virun de Wahlen däit beim Wieler näischt op de Wonsch no gréisseren Changementer hinn. D'schwaarz-rout Koalitioun gëtt confirméiert an die rout-gréng-blo Dreem schéngen fir eng aner Kéier.
Wat bedeit dat fir die neksten 12 Méint, wei eng Obstaklen musse nach geholl ginn a wou laure Geforen? Wei kréie mer eist Aarbechtsrecht mat europäeche Fuerderungen op eng Linn? Gëtt den Index besonnesch am Vierfeld vun de Sozialwahlen zum villes entscheedenden Thema?
Wei ass et mat der Kaafkraaft? Doo héiert een ënnerschiddlech Aschätzungen. Sie ass net erofgaangen soen die eng, während die aner jéimeren, datt bei hinnen um Enn vun de Suen ëmmer mei Mount Rescht bleift.
Mir schwetzen awer och iwwert Site et monuments, wou den Direktesch-Posten nei ze besetzen ass.
Stéchwuert Fussballféiwer: D'EM ass op der leschter Ligne droite. An do musse mer jo bal an der Journalisteronn op d'mannst d'Fro stellen, ween dann Europameechter gëtt?