Presseclub 15.06.08

Invitéen e Sonndeg beim Marco Goetz waren d'Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, de Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort, de Claude Karger vum Journal an de Lucien Montebrusco vum Tageblatt.
Europa, d'europäesch Unioun an hiere Wee besonnesch elo nom Neen zum Traité vu Lissabon am Referendum an Irland ass een Haaptelement an der Emissioun.
Wat wollten d'Ieren ausdrécken? Wat soll d'EU mat deem Vote ufänken? Et ass een demokratesche Vote, deen ee net iwwergoen duerf. Op der anerer Säit muss ee sech awer och froen op den europäeschen Zuch sech duerf ophale loossen vun deem Vote? D'Ieresch Regierung muss elo soen, wéi si d'Zukunft vun hirem Land an der EU gesäit. Wa se do net méi matgoe well oder anescht matgoe well, da muss ee kucken wéi een dat an eng Form bruecht kritt.
Wann d'EU an der Welt matschwätze well, eecht geholl well ginn, da muss se Gewiicht hunn. Da muss se zesummenhalen. Den Traité vu Lissabon ass ee Stéck vun der Äntwert op d'Erausfuerderungen vun der Globaliséierung.
Elleng demographesch Entwéckelung misst engem weisen, datt een als Club vun europäeschen Egoisten net virukënnt. Europäer ginn et ëmmer manner a Chinesen oder Inder zum Beispil ëmmer méi. Wann ee net well, dat Europa op déi eng oder aner Manéier eng Quantitéit gëtt, déi ee vernoléissegen kann, da muss ee sech, wéi dat sou schéinn heescht, propper opstellen.
Vum EU-Sommet de 19. an den 20. Juni gi keng Sonndesrieden erwaart ma kloer Léisungen.
Da geet et am Presseclub awer och em d'politesch Situatioun zu Lëtzebuerg. E wéineg huet dat eent jo mat deem aneren ze dunn.
Wann een d'Sondesfro am Tageblatt des Woch gekuckt huet, da konnt ee gesinn, datt et net zu wierklech grousse Verschibunge komm ass? Sinn domatter d'Rout-Gréng-Blo Koalitiouns-Dreem ausgedreemt an deet villes op eng Neioplag vun CSV-LSAP hinn? Mam Jean-Claude Juncker als Premier an dem Luc Frieden als Finanzminister?