Presseclub 01.06.08

Presseclub 1. Juni 2008
Invitéen beim Marco Goetz sin d'Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, de René Hoffmann vum « Le Jeudi », de Claude Karger vum Journal an de Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort.
Et geet em d'Wurscht, dat heescht em d'Mëllech. D'Mëllechbaueren kommen mat deem wat se den Ament fir ee Liter Mëllech kréien nämlech net méi op hier Käschten, soen sie, a froen dofir 6 Cent um Liter méi, vun 37 Cent op 43.
Affrontéiert oder legitim? Dat ass d'Fro.
Wat lang dauert gëtt endlech gudd, heescht et. Gelt dat och fir den Tram an der Stat? Ass dat ëffentlecht Transportmëttel elo endlech op der Schinn oder gëtt just ee weidert Kapitel vun enger onendlecher Geschicht geschriwwen? Dat ass eng aner Fro.
Vum Tram da bei den IVL, well do kennt zesummen, wat zesummegehéiert a net ënnerschat duerf gin. Ëmmer méi Frontalier'en kommen an d'Land, soen Étuden. Sie sin eng zolitt Belaaschtung fir de Verkéiersstroum, moies an owes, dee scho lang kee rouegen Floss méi ass an duerch deen d'Liewensqualitéit vum Land riskéiert d'Baach anzegoen. Mat Étuden iwwert d'Realiséierbarkeet vun Étuden ass et do net méi gedoen, handelen ass batter néideg, soss ass den Zuch fort.
D'Débat'en an der Chamber nom Premier senger Ried iwwert d'Lag vun der Natioun beschäftegen eis natierlech och.
An da bleiwe mer an der Chamber, wou 9 Deputéiert vu 60 net do waren, wei iwwert ee Meilesteen vun der nationaler Politik ofgestëmmt gouf, nämlech den neien EU-Traité, de Vertrag vu Lissabon.
Mat 47 Jo-Stëmmen, 3 Abstentiounen an enger Nee-Stëmm ass deen Text ugeholl gin.
Esou wärt de Vote iwwert d'Euthanasiegesetz kaum ausgesinn. De Ball läit jo den Ament emol beim Staatsrot, deen alleguerten d'Amendementer ënnert d'Lupp hellt an dann duerf ee gespaant sin wat dobäi erauskënnt.