Presseclub 27.04.08

Invitéen sin Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, de Marc Glesener vum lëtzebuerger Wort, de René Hoffman vum „Le Jeudi' an de Claude Karger vum Journal.

Do wier emol d'Diskussioun ronderëm den Index an an deem Kontext d'Stéchwuert vun der Kafkraaft. Déi kann een ënnert anerem jo domatter ëmschreiwen, datt um Enn vun de Suen ëmmer méi Mount Rescht bléift, wat fir ëmmer méi Lait e Problem gëtt.

Sou wéi d'Patronat a besonnesch d'Industriellefédératioun FEDIL géint den Index wiedert, sou geet se och géint den Eenheetsstatut fir. E wéineg bosseg wierkt et do awer, wann die eenzeg Suerg vun de Patron'en déi ze si schenkt, datt Lait blo machen? D'Fro iwwert déi mer an der Journalisteronn diskutéieren ass zum Beispill firwat et an enger Rei Betriber zu vläit méi Krankmeldongen kennt.

An der Hitparade vun den Dauerbrenner am Presseclub huet d'Euthanasie de Bommeleeër ofgeléist. D'Diskussioun em d'Euthanasiegesetz ass wéi ee Labyrinth sot de Redaktiounskolleg Max Theis des Woch, et gi vill verwurrelt Wéer, ma et weess een, datt et een Auswee gëtt.

Grouss Fro un d'Invitéen am Presseclub: wou ass deen Auswee?

En anert Thema haut dann ass den Dout vum jonken Elvis zu Esch. Et gin Ursaachen fir déi Dot. Wéi eng kennen dat sin?

Firwat Gewalt? Fir auszedrécken wat ee ni geléiert huet anescht auszedrécken, mat Argumenter mengen ech, vläit och well et hei em ee Milieu geet an deem nolauschteren net die gréissten Tugend ass.

Wou soll een usetzen? An der Schoul oder net awer vläit besser doheem, am Elterenhaus, wou d'Wäichen gestallt gin.

Aner Themen da nach: Die nei italienesch Regierung, Berlusconi 3, dann d'Serie vu Mea Culpaen vum Nicolas Sarkozy an de neien Terminal um Findel.