Presseclub 13.04.08

Presseclub 13.04.08

De Presseclub um Sonndeg 13. Abrell mat Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Lucien Montebrusco vum tageblatt an Ady Rischard vum lëtzebuerger Wort.

An d'Themen ?

Do versiche mir duerch de Bësch ze kommen, duerch de groussherzoglechen Bësch zu Colmar Bierg. Wat wier dann zum Beispill de Problem gewiescht wa wierklech een Auslänner dee Bësch kaf hätt? Mir versichen dann awer natierlech och duerch de Bësch vun de ganzen Diskussiounen ronderëm d'Euthanasiegesetz ze kommen. An der Emissioun Background vum 12. Abrell sot de Paschtouer Claude Bache, datt senger Meenung no munch Duercherneen hätt kennen évitéiert gin. Mir froen wéi dat méiglech gewiescht wier, mir froen awer och wat den Duercherneen bedeit a mir froen firwat sech eigentlech mat souvill Acharnement mam Enn vum Liewen befaasst gëtt amplaz dem Liewen selwer an de Problemer vun de Bierger haut méi Platz ze gin. An domadder si mer bei der sozialer Situatioun haut am Land, Wunnengsnout, Aarmut a beim Stéchwuert Index. Kréie mer d'Instrument, datt de Verloscht vu Kafkraaft kompenséieren soll a senger normaler Form zeréck oder gëtt geréiert a gekéiert an Ausnamen zitéiert fir um Enn awer net d'Fangeren vum Index mussen ze loossen?

Kloer schenkt, datt den Index zu deenen Maulefshiwwelen gehéiert iwwert déi een, wei den Ausseminister an engem aneren Kontext gemengt huet, um politeschen Parquet faale kéint.

Et kéint ee natierlech och vun Dynamit am Walkampf schwëtzen, vun enger Bomm an domadder si mer bei deem aneren Thema iwwert dat mer am Presseclub, mol nees eng Kéier, eng Grëtz schwëtzen wäerten, nämlech bei de Bommeleeër a beim fréieren CSV-Fraktiounschef François Colling, dee beim Internet-Surfen versicht huet iwwert d'Wellen vun der Bommeléeraffär ze kucken an mam Resultat vu senger 'private Investigation' net hannert dem Bierg gehalen huet.

Da welle mer an der Emissioun awer och engem Gebuertsdagskand gratuléieren, nämlech dem lëtzebuerger Journal, deen e lechte Freideg seng 60 Joer geféiert huet.