Presseclub 09.03.08

Presseclub 9.03.08
Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, Claude Karger vum Journal, Fränk Goetz vun Telé Lëtzebuerg a Laurent Zeimet vum Wort, dat sin d'Invitéen am RTL-Presseclub vum 9. März. An d'Themen ?...méi
Et geet ënnert anerem em den internationalen Fraendag.
„Ech géif deen Dag am léifsten ofschaffen.'
Dat seet eng Fra an zwar d'lëtzebuerger Kommissärin Viviane Reding.
De Fraendag ass ee schlecht Zeechen fir d'Gläichstellung vu Fra a Mann, seet d'Kommissärin. Ass dat esou?
Anert Thema: Euthanasie. Mir schwëtzen iwwer dat wat an der Suite vum Vote vum Gesetzprojet geschitt ass, zum Beispill op der Feier vum neien DP-Deputéierten Fernand Etgen.
Aarmut oder villméi de Risiko an d'Aarmut ze rëtschen, ass een aneren Sujet. All 5 Kand riskéiert hei am Land ënnert d' Aarmutsgrenz ze falen, besonnesch schlëmm ass di Situatioun an den Famillen mat just engem Eltrendeel.
Am internationalen Deel vum Presseclub geet et em Lichtenstein an de schaarfen Wand, deen och der Finanzplaz Lëtzebuerg duerch de Staierskandal a Lichtenstein entgeintbloose kann.
Den 13. a 14. Mäerz ass EU-Sommet zu Bréissel. Die sozial a wirtschaftlech Dimensioun vun der europäescher Unioun dierft do eng Roll spillen, doniewent d'Situatioun am Kosovo an d'Fro bis wéini dann all EU-Land den Traité vu Lissabon ratifizéiert soll hun.
An där ganzer Diskussioun fällt op, datt et hei zu Lëtzebuerg zimlech roueg em dee neien EU-Vertrag ass. Eng Informatiounscampagne, déi annoncéiert war, schenkt de Wee un d'Dagesliicht biswell op alle Fall nach net fonnt ze hun. Wierwat?
Eng aaner Fro, déi mer nach drun hänken ass déi vum Klimawandel. Muss een do sérieux entgéintwierken, oder ass et Panikmache. Déi Fro hu mer och op eisem Internetsite gestallt.
Vun de baal 800 Äntwerten heescht et bei 42% datt een d'Saach net iwwerdreiwe soll an 31% mengen, datt et Panikmache ass.
Just 27% soen, datt ganz sérieux op de Klimawandel reagéiert muss gin. Do schenkt an der Kommunikatioun vum Klimaproblem also nach Handlungsbedarf ze sin.