Presseclub 24.02.08

Anne Henniqui vum lëtzebuerger Land, Marc Glesener vum Wort, Claude Karger vum Journal a Lucien Montebrusco vum tageblatt dat waren d'Invitéen beim Marco Goetz am RTL Presseclub.

Wann een virun enger Rei Méint dobaussen gesot hätt, datt wéinst där Affaire ëm d'Bommeléer den Direkter vun der Police misst goen, dann hätt wuel kaum een engem dat gegleeft.

Elo ass net nëmmen den aalen Direkter fort, mä an der Persoun vum Romain Nettgen ass och schons een aneren do.

Si mer wéinst der Affaire Bommeleeër an enger Statskries? Déi Fro hu mer op eisen Internet-Säiten gestallt. Gudd 16 Honnert mol gouf geäntwert. Ronn 2 Drëttel vun de Lait sin der Meenung, datt et keng Statskries ass.

Spannend bleift deen Dossier awer op alle Fall.

Een aanert Thema an eisem Presseclub ass de Vote iwert d'Euthanasiegesetz. De Jo leschten Dënschdeg (19.02) an der Chamber ass fir déi eng een Zeechen vu Fortschrëtt an der Gesellschaftspolitik, fir die aner ass et souzesoen den Ufank vum Enn vu Moral an Anstand. De Begrëff vun der Bécks vun der Pandorra mëscht d'Ronn.

Gespenster ruffen, déi een da net méi lass gëtt, dat gëtt och dax am Kontext vun der Onofhängegkeet vum Kosovo a vun der Unerkennung vun där selwechter duerch eng ganz Rei Staten, virun allem EU-Länner, gesot.

Wat ennerscheed d'Fuerderung vun de Kosovaren vun där vun de Basken, de Korsen oder de Nordieren zum Beispill? Oder loosse mer d'Kurden huelen. Och sie hun ënnert engem Diktator gelidden an hätten gären hier Autonomie. Einfach tranchéieren ass et an där doten Affaire net.

A wa mer schons vun éischter méi komplizéierten Décisiounen schwëtzen, dann duerfe mer och déi nennen virun där de Premier Jean-Claude Juncker steet, nämlech déi: Bleiwen ech zu Lëtzebuerg oder loossen ech mech op Bréissel ruffen als éischten permanenten President vun der europäescher Unioun.