Presseclub 10.02.08

Presseclub 10.02.08
Marc Glesener vum Wort, Claude Karger vum Journal a Lucien Montebrusco vum tageblatt heeschen d'Invitéen beim Marco Goetz am RTL Presseclub vum 10. Februar.
Thema ass natierlech emol d'Affaire Bommeleeër. Wat weess ween a wee seet wat? Seet jiddereen ëmmer wat e weess, wat sin d'Zieler vun deenen, déi schwëtzen, sollen aal Rechnungen bezuelt gin a gëtt iwwerhaapt nach de Ball oder just nach de Mann gespillt?
An dann ass et d'Fro op an där parteipolitescher Envergure, déi d'Affaire Bommeleeër geholl huet net vläit eng Grëtz liechtfankesch vu Staatskries geschwat gëtt?
Wichteg an deem Kontext ass och, wei eng Roll d'Medien spillen.
En anert Thema an der Journalisteronn ass d'Kafkraaft hei zu Lëtzebuerg. Geet se erop oder erof oder bleift se? Déi Fro hu mer die leschten 10 Deeg op eisen RTL-Internetsäiten gestallt. Ronn 17 Honnert Äntwerten hu mer krut. A 90% dovunner soen, datt sie manner am Portemonnaie hun. Ass dat reell an u wat kann et laien, datt een dat Gefill huet sech manner leeschten ze kennen?
An eisem internationalen Block hu mer Walen stoen. Déi vum lechte Sonndeg a Serbien, wou zwar een sougenannten Pro-Europäer d'Course fir de Presidentestull gewonnen huet, ma wou domadder d'Schicksal vun der serbescher mä majoritaire vun Albaner bewunntener Provënz Kosovo net wierklech Méi kloer schenkt.
Net wierklech kloer ass d'Situatioun och an den USA, virun allem net bei den Demokraten. An deenen sougenannten Virwahlen laien die fréier First Lady Hillary Clinton an de Barak Obama praktesch op der selwechter Positioun iwwerdeems sech eichter diskret de Republikaner Mc Cain als Spëtzekandidat vu senger Partei profiléiert.