Invitéen beim Marco Goetz waren d'Anne Heniqui vum Lëtzebuerger Land, de Nic Dicken vum Journal, de René Hoffmann vum « Le Jeudi » an de Laurent Zeimet vum Wort.

Et gung em den op an of, op der Achterbunn vun de Bourssen. D'Immobiliekries an den USA huet Konsequenzen op die europäesch Finanzmarchéen, dat huet een die ganz lechte Woch iwer gesinn.

Politiker, Finanzexperten maachen sech Suergen, genug, ma net souvill, soen se, datt ee misst panikéieren. Ma Panik gehéiert zum Repertoire vun deenen net vum Verstand dirigéierten Verhaalenweisen an do wou Emotiounen am Spill sin, laie Léisungen meeschtens net op der Hand.

Dann ass awer besonnesch och iwwert d'Propositiounen geschwat gin, déi d'europäesch Kommissioun lechte Mëttwoch gemat huet. Propositiounen fir de Klima besser ze schützen an d'Energieréserven méi efficace ze notzen.

Die Propositiounen si net direkt glaat duerchgefall, op der enger Säit gin et awer Bedenken, datt se ze wäit gin an zum Beispill der Industrie an der wirtschaftlescher Entwécklung vun der EU Steng an de Wee léen. Op der aanrer Säit, notamment do wou mer d'Ëmweltschützer fannen, heescht et, datt d'Ziel richteg ass, ma datt d'Schrëtt fir et ze erreechen ze kleng sin an hannert deem zeréckbleiwen wat technesch méiglech wier.

Em kleng Schrëtt geet et och am Kapitel Bommeleeër. Vill Puzzelstecker gin zesummegeraf, die eng passen, die aner net an iergendwou weess een och nach net wei grouss dat ganzt Puzzel dann iwwerhaapt gëtt.

Vill schwëtzen ouns ze wëssen wat gené um Enn erauskënnt, dat gelt och fir d'Diskussioun ronderëm deen éischten President vun der europäescher Unioun, deen dem neien EU-Vertrag vu Lissabon noo den 1. Januar 2009 soll agesat gin, fir zwee an een halleft Joer.

Vill Nimm vu méiglechen Kandidaten gin do genannt an do drënner ass och ëmmer nees dee vun eisem Premier. Intresséiert déi Diskussioun ronderëm de Jean-Claude Juncker ierch?

Déi Fro hu mer an engem klengen Sondage op eisem Internet-Site gestalt. D'Resultat ass net representativ ma vläit eng Grëtz iwwerraschend.

Entwërt an eisem Presseclub.