Presseclub 17.05.09

Beim Marco Goetz am RTL- Presseclub diskutéieren Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Claude François vum Télécran an Lucien Montebrusco vum tageblatt.
Et geet eng gutt Woch zeréck an dräi no fir. An eng Partie vun de Saachen an dem Spannungsfeld beschäftegen eis haut. Zum Beispill däitsch-lëtzebuerger Relatiounen. Wou een Här Steinbrück zu Berlin eppes seet, eng komesch Zöppchen kacht a beieneen geheit wat net beienee gehéiert, wat een Här Steinmeier herno op Visite zu Lëtzebuerg da net wierklech entschëllegt, wat dann dem Här vu Steinfort reprochéiert gëtt a wat zu neelechem Knistern an der Koalitioun feiert, ouns dat et awer wierklech flaamt.
Flamen deet et par Conter leschten Dënschdeg bei der Manif vun de rosenen Schmelzaarbechter um Rousegärtchen an der Stad. Dat déi rose sinn, iwwert Mittal, ARCELOR an iwwerhaapt, dat duerf een do net sou wonneren. Wouriwwer ee sech awer wonneren duerf ass ee Schoss vun der Police. E Schoss, dee nohalteg riskéiert no hanne lass ze goen, well vun deem Schoss ass bisewell net kloer wirwat ee lass gaangen ass a wisou ee Kameramann blesséiert gouf?
Zweeten Manif fir dës Woch am Grand-Duché war da gëschter. Do ass et awer roueg bliwwen, vläit och well jiddereen dermadder amgaange war fir ze zielen, op et der dann elo 16 dausend oder 30 Dausend sinn? Op alle Fall waren et der vill an de Message war kloer: Mir bezuelen net fir är Kris.
Dat duerf een esou am Kapp behalen iwwerdeems een wéi am Mäerchen op de Geldreen vun Uewen wäert an dem Wal-Rendezvous vum 7. Juni entgéint féiwert, wat natierlech och een Thema haut bei eis am Presseclub ass.