Juncker weiderhi Chef vum Eurogrupp, an e Réckbléck op déi lescht Méint.

Firwat bleift de Jean-Claude Juncker, trotz villen Dementien, Chef vum Eurogrupp? Wat ass soss vum EU-Sommet zu Bréissel ze halen? A wéi eng Sujeten hunn d’Journalistekollegen an de leschte Méint am meeschte beweegt? Doriwwer schwätzen dëse Sonnden de Peter Feist vum Lëtzebuerger Land, d’Laurence Harf vum Jeudi, de Claude Karger vum Journal an de Pierre Leyers vum Lëtzebuerger Wort.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu