Anne Heniqui vum lëtzebuerger Land, Nic Dicken vum Journal, Romain Meyer vun der Revue a Laurent Zeimet vum lëtzebuerger Wort, heeschen d'Invitéen en Sonndeg beim Marco Goetz am RTL Presseclub.

CSV an LSAP ware relativ séier décidéiert et nach emol mateneen ze probéieren. Do ass net nëmmen de Verstand mat am Spill ma och Léift. Et gëtt een eenz mateneen, niefteneen, dat ass wichteg, besonnesch fir de sécheren rouden Fuedem aus dem Labyrinth vun der Kris eraus a fir duerno ze fannen. A wéi heescht et bei eisen däitschen Frënn? Wat net passt, gett passend gemaach.

An de leschten Joeren, Joerzengten hunn CSV an LSAP regéiert, mat enger Ausnahm, vu 1999 bis 2004. Ass dat gutt fir d'Land, steet déi Kontinuitéit fir Stabilitéit, fir ee séchert Fundament op dat sech e Staat opbauen léisst? Oder sollt ee sech méi politeschen Changement wënschen, well Routine der Kreativitéit vläicht am Wee steet?

Eis 4 Journalisten ginn dozou an d'Gebiet geholl. Mir froen si natierlech och, wéi se mengen datt et viru geet, wee wéivill Ministeren kritt a wéi eng Nimm een dorobber setze kann. Leit verbannen Politik mat Nimm, do duerf ee sech näischt virmaachen.

Mir wäerten dann och nach ee Numm an de Mond huelen, deen keen lëtzebuergeschen ass. Nämlech José Manuel Baroso. Bleift heen Kommissiounspresident oder mécht hien eng Zorte Interim bis Enn vum Joer, bis den EU-Traité vu Lissabon op der Schinn ass? A gëtt dann erréichten di eigentlech nei europäesch Komissioun fir ronn 5 Joer designiéiert?

Op lëtzebuergesch iwwersat bedeit déi europäesch Fro: Wat geschitt mam Viviane Reding um Posten vum europäeschen Commissaire? Kennt vläit ee ganz aneren Numm an d'Spill, well een fir eist Land wichtegen Dossier oblige, oder taucht net souguer nach vläit nees een alen Bekannten op wann et dorëms geet de Posten vum Kommissiounspresident ze besetzen?