Presseclub 28.06.09

Anne Heniqui vum Lët. Land, Claude Karger vum Journal, Lucien Montebrusco vum tageblatt an Laurent Zeimet vum Wort dat sin d'Invitéen haut am Presseclub:
Eng ganz Mandel voll Themen haut. E puer méi klenger an e puer méi grousser.Mir kucken wou CSV an LSAP dru sinn um Wee an Direktioun nei Regierung.
Ween funkt do alles dertëscht, ween well matschwetzen a matregéieren a wat seet eis zum Beispill de Bléck an d'Keess? Wat geet nach déi nächsten 5 Joer a wat muss anescht ginn a kennt ee vläit schonns Käpp a Nimm fir Ministèren?
Anert Thema, d'Enn vun der Imprimerie Bück. Schwaarz op wäiss gedréckt, dat gelt normalerweis als Sinonym fir Qualitéit. Ma wann déi Qualitéit net méi gefrot ass, da gesäit et schwaarz aus fir de ganzen Dréckereisekter. Déi strukturell Kris huet dann elo d'Imprimerie vum Traditiounshaus Bück no 155 Joer kaalgestallt. 90 Leit si betraff. Vu muer un gëtt bei Bück iwwert de Sozialplang geschwat.
Ween seng Aarbechtsplaz riskéiert ze verléieren, deen huet wuel aner Suergen ewéi sech Gedanken ze maachen iwwert den Dout vun engem Popmuseker. Ma Milliounen, sou schéngt et op alle Fall, sinn an Trauer iwwert den Dout vum Michael Jackson. Mat 50 huet hien d'Bühn vun der Welt verlooss. Wat soen se an eiser Journalisteronn dozou? Mir loossen eis iwwerraschen.
Da kucke mer gespaant no fir. Muer Méindeg fällt an den USA d'Urteel an der Affär Madoff. Wéi laang muss dee Mann an de Prisong, deen e sellegen Leit ëm hiert Erspuertes bedrunn huet. Parallel dozou awer och d'Fro: Wat léiert een aus dem Bedruch?
Wéi eng Konsequenzen zitt d'demokratesch Partei aus de Walen. Gëschter hat d'DP jo Kongress. D'Colette Flesch gouf do als Éierepresidentin gewielt a wat gouf et soss nach?
E Wuert kéint een haut dann och nach iwwert Nationalfeierdag verléieren. Freedefeier, Grillwurschten, Béier, Schampes, d'Hitt vun de Madamen a wat bleift soss nach hänken u rout wäiss bloen Iwwerleeungen.