Geet déi vum François Biltgen ugeduechte Reform vum Nationalitéitsgesetz an déi richteg Richtung?

Hat eng Kommissioun vum Europaparlament Recht, fir d’Nominatioun vum Yves Mersch an den EZB-Directoire ze blockéieren? An iwwerwanne Cargolux, Hyosung Wire a Luxguard Diddeleng déi aktuell Schwiregkeeten?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden de François Aulner vum Radio 100,7, de Romain Hilgert vum Lëtzebuerger Land, de Pierre Leyers vum Lëtzebuerger Wort an de Lucien Montebrusco vum Tageblatt.

De Presseclub all 14 Deeg tëscht 11.15 Auer a Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg an dono op RTL.lu